Am Mäerz gouf eng Brochure un d'Haushalter verdeelt, déi erkläre sollt, wat eng zukünfteg Nordstad de Bierger kéint bidden.
D'Brochure bleift flou a beschränkt sech gréissten deels op Absichtserklärungen an allgemeng Schlagwierder. Konkrete Contenu, iwwer deen ee kéint diskutéieren oder Positioun bezéien, feelt. Och op der Internetsäit fënnt een haaptsächlech Informatiounen iwwer Evenementer an Terminer, awer net iwwer de konkrete Fortschrëtt vun den Aarbechtsgruppen, iwwer diskutéiert Modeller oder iwwer eng brauchbar politesch Visioun vun enger zukünfteger Nordstad.
De 4.6.2026 gouf eng Informatiounsversammlung fir d'Gemengepersonal organiséiert, mat enger Fro-an-Äntwert-Ronn un déi véier Buergermeeschteren. Dat ass begréissenswäert. D'Fro stellt sech awer, firwat et net déi selwecht Méiglechkeete fir d'Awunner gëtt.
Laut den offiziellen Informatioune soll de Fusiouns-Dossier op Basis vun Aarbechtsgruppen an de Virschléi vu Mataarbechter vun de Gemengen a Bierger ausgeschafft ginn. Vill Bierger hunn den Androck dat si op der Stréck bleiwen. Fir kënnen Iddien anzebréngen, brauch een als éischt eng gemeinsam Basisinformatioun. Genee do läit de Problem.
Et geet awer net nëmmen ëm Informatioun, mee ëm Matbestëmmung. An enger Demokratie ass de Bierger net nëmmen Adressat vu Kommunikatioun, mee de Souverän. Wann de Souverän sech soll kënnen ausdrécken, da muss hien och fréi genuch wëssen, wat diskutéiert a geplangt gëtt.
Et gëtt schonn iwwer zukünfteg politesch Strukturen, Gestiouns Modeller an d'Organisatioun vun enger Nordstad geschwat. Dat si fundamental politesch Froen. Grad hei misst de Souverän agebonne ginn, éier Positiounen zementéiert ginn. Vill Bierger hunn den Androck, datt si um Enn virun e Projet gestallt ginn, deen am Wesentleche schonn ausgeschafft ass an iwwer deen si just nach am Referendum ofstëmme sollen.
Den Inneminister Léon Gloden huet selwer gesot, datt Gemengefusioune vun ënnen no uewen entstoe missten. Wann dat eescht gemengt ass, da brauch et méi wéi Broschüren, Newsletteren an eng Iddie-Box. Et brauch ee reegelméisseg Biergerversammlungen, transparent Tëscheberichter an eng oppen Debatt iwwer Chancen, Risiken an Alternativen. Schliisslech ginn et schonn haut vill gemeinsam Projeten tëscht de villäicht zukünftegen Nordstad-Gemengen, déi ouni Fusioun funktionéieren.
Bedenklech ass, datt vill Informatioun iwwer déi digital Kanäl lafen. Net Jidderee verfollegt Internetsäiten oder Sozial Medien. Demokratesch Bedeelegung däerf net dovun ofhänken, ob een online ass oder net.
De Souverän ass net do, fir fäerdeg Konzepter of ze nécken, Hie soll se matgestalten. Dofir wier et ubruecht, schonn elo reegelméisseg ëffentlech Versammlungen ofzehalen, bei deenen all Bierger Froe stelle kann an iwwer den aktuelle Stand informéiert gëtt. Nëmmen esou kann aus engem Fusiounsprozess e wierklech demokratesche Prozess ginn.
= keng Informatioun
(https://www.nordstad.lu/stadtentwicklung/zentrale-achse/)
Nu soll de Plang fir d’Nordstad
op den Dësch kommen am November 2025 ass héisch an helleg versprach ginn, datt
de Plang fir d’Nordstad op den Dësch géif kommen. Gläichzäiteg héiert een awer
vun anerer Säit, et géif nach net emol e richtegt Konzept ginn. Elo si mir am
Joer 2026 ukomm, an et ass nach ëmmer kee Plang virgestallt ginn – net emol eng
kloer Richtung.
Dobäi steet de Referendum an e puer Méint un, a mir,
d’Bevëlkerung, wëssen nach ëmmer bal näischt. Et war Rieds vun enger
gemeinsamer Strategie, vun intensiven Aarbechtsgruppen an dovun, datt
d’Initiateure vun der Nordstad der Bevëlkerung wollte weisen, wat d’Nordstad
konkret bedeite géif a wéi eng Virdeeler dat fir d’Zukunft hätt.
Déi véier Buergermeeschter vun der sougenannter „Nordstad“
wollten eigentlech mat konkrete Pläng an Aktioune bei d’Leit goen. Bis elo ass
dovun awer näischt ze gesinn oder ze spieren.
Et entsteet den Androck, et wier hinnen mëttlerweil egal,
wat d’Leit soen – Haaptsaach, 2027 gëtt fir d’Nordstad gestëmmt. Wann d’Meenung
vun der Bevëlkerung elo schonn als onwichteg ugesi gëtt, wéi wäert et dann
eréischt no enger Fusioun ausgesinn?
Sollt de Plang fir d’Nordstad eréischt nom Referendum op den Dësch kommen, da stellt sech eng ganz Rei vu berechtegte Froen. Wann een
déi kuerz Zäit bis 2027 elo notze wëllt, fir e seriéise Fusiounsprojet
auszeschaffen, wat ass dann an all deene Jore virdru geschitt, wou genuch Zäit
gewiescht wier, fir dat a Rou a mat Transparenz ze diskutéieren?
An elo, op de leschte Meter, alles nach de Leit erkläre ze
wëllen, wat iwwer Jore laang net ausgeschafft oder net vermëttelt ginn ass –
och well et kee beléift Thema war – dat wäert schwéier, wann net onméiglech
ginn.
Eng Decisioun vun där Bedeitung verdéngt Kloerheet,
Transparenz an Éierlechkeet –
virum Referendum, net dono.